Plënneren ass d’Geleeënheet, fir auszemiessen, säin Doheem ze entrëmpelen an en neien Ufank, op enger anerer Plaz, ze maachen. Et ginn Techniken, fir dat effizient ëmzesetzen.
Mat der Zäit goufen dës esouguer vun den Unhänger vum “Home Organising” professionaliséiert.
Wëllt Dir méi doriwwer gewuer ginn? Da klickt hei …
Wien sinn d'”Home Organisers”?
Hautdesdaags hu Fachleit sech op d’Technike vum Hausorganiséiere spezialiséiert. Si hunn dës Aktivitéit zu enger richteger Disziplin an zu engem neie Beruff gemaach. Dës “Rangement-Coachen” ginn “Home Organisers” genannt.
Vum Schlofzëmmer bis an de Büro, iwwer d’Kichen, hëllefen d’“Home Organisers” Iech beim Ausmëschen, Iech vum Onnéidegen an Iwwerflëssegen ze trennen, fir Är Liewensqualitéit – an déi vun allen Memberen aus Ärem Stot – ze verbesseren. Wéi? Andeems si Iech Rotschléi ginn, déi Är Gewunnechten respektéieren, Äre Liewensstil an Äert eegent Tempo fir Verännerungen, …
“Home Organising” kann sech als besonnesch nëtzlech erweisen, wann een en Ëmzuch virbereet.
Aus verschiddene Grënn:
- Wat manner “Saachen” (Material, Miwwelen, Kleeder, Archiven, …) ze plënneren sinn, wat méi séier (an méi bëlleg) gëtt Ären Ëmzuch.
- Wat besser Är Raimlechkeete beim Depart organiséiert sinn, wat méi séier an effizient gëtt d’Installatioun am neien Doheem.
- Maacht aus Ärem Ëmzuch en neien Ufank: eng besser Organisatioun vun Ärer neier Liewensplaz.
En “Home Organiser” ze engagéieren heescht, an Äert zukünftegt Wuelbefannen ze investéieren.
Technike fir säin Ëmzuch virzebereeden
Den Datum vum Ëmzuch kënnt ëmmer méi no. Et ass Zäit, de groussen Dag virzebereeden an mam Abannen unzefänken. Virun enger Villzuel u Souveniren, Dekoratiounsartikelen, Miwwelen, Kleeder, … déi Jore vum Liewen dokumentéieren, frot Dir Iech vläicht, wou Dir ufänke sollt.
Vläicht kënnt Dir esou virgoen:
Sortéieren an etiquettéieren:
- dat, wat Dir un Frënn, Famill oder karitativ Organisatioune verschenke kënnt,
- dat, wat Dir op engem Floumaart oder op Second-Hand-Säite verkafe kënnt;
- dat, wat Dir musst ewechgeheien. Jo, elo ass de richtege Moment, fir Kaddoen, déi Iech net gefall hunn, Tombola-Präisser an aner Vakanzesouveniren, déi nëmme Stëbs sammelen, déi ze grouss Pullovere vun der Boma, … mee och Géigestänn mat “héijem emotionalem Wäert”, déi genee sou vill Plaz am Häerz ewéi am Haus anhuelen, lasszeginn.
Et bleift Iech just nach, dat anzepaken, wat no dëser grëndlecher Iwwerpréiwung eng flott Plaz an Ärem neien Doheem kritt!
Virun engem Ëmzuch ass et ganz nëtzlech, säin Doheem opzraum. Fir Iech dobäi ze hëllefen, stinn “Home Organisers” zu Ärer Verfügung a ginn Iech effizient technesch Rotschléi, als Ergänzung zu de Servicer vun den Ëmzuchsfirmen.
Nëtzlech Linken?
Entdeckt d’Servicer vu Spiroux Déménagement, autoriséiert Ëmzuchsfirma (Lëtzebuerg a Verviers)!
