Réckhuelung a Recycling vu Këschten : ekologesch a praktesch !
Rem’balle heescht, dat erëm anzepaken, wat ee grad ausgepaakt huet. Genee dat proposéiere mir Iech bei Spiroux !
Eng gutt Iddi !
Hutt Dir bei eis Plënnerkëschte bestallt ?
Dir sidd grad ageplënnert, an nodeems alles ausgepaakt ass, wësst Dir net méi, wat Dir mat de Këschte maache sollt ?
Bei Spiroux gi mir hinnen eng zweet Liewen !
Well mir eisen ekologesche Foussofdrock reduzéiere wëllen, hu mir dësen neie Service geschaf : Rem’balle
- Entweder bréngt Dir eis d’Këschten (net zerschnidden an net gerass) zeréck bei Spiroux a kritt Suen dofir. (0,50€ pro zeréckbruechter Spiroux-Këscht)
- Oder mir huelen se gratis bei Iech doheem of. An deem Fall kritt Dir keng finanziell Géigeleeschtung.
Dat spuert Iech d’Waarden um Recyclingpark oder Këschtestapelen, déi doheem am Wee stinn.
An eis… mir kënnen deene Këschten eng zweet Liewen schenken.
Sortéieren, recycléieren, gewannen !
Wann dëse Service Iech gefält, notzt eise Rem’balle-Service a maacht mat bei der Reduktioun vum Offall ! 😊
Also… prett fir Rem’balle ?
