National Ëmzich
GRATIS OFFER UFR0EN
Eis Servicer
Ären Ëmzuch zu Lëtzebuerg a voller Rou!
Mir këmmeren eis ëm alles vun A bis Z
Plangt Dir en Ëmzuch?
Neit Haus oder nei Wunneng, déi éischt Kéier zesumme wunnen oder eng nei Aarbecht: hei fänkt en neit Liewen un! Häerzlech Gléckwonsch!
Spiroux Déménagements steet Iech zur Säit, fir datt Ären Ëmzuch roueg an effizient verlaf. Mir bidden Iech en personaliséierten a suergfältegen Ëmzuch un, souwuel wat administrativ Formalitéiten, praktesch Rotschléi wéi och den Transport ugeet.
Sécherheet? Absolut!
All Är Miwwele ginn mat Sorgfalt a Präzisioun transportéiert. Ausserdeem schützt eis Ëmzuchsversécherung Iech finanziell géint méiglech Schied am Fall vun engem Accident. Dir kënnt eis vertrauen. Mir maachen dëse Beruff zënter méi wéi 60 Joer a bilden eis reegelméisseg weider.
Wat maache mir konkret?
Virum Ëmzuch
- Inventar vun deem, wat Dir wëllt transferéieren (Miwwele, Schreifdëscher, Kleeder, Haushaltsapparater, Vëloen, Wäertgéigestänn (Konschtwierker), Safe, asw.)
- Opstelle vum Ëmzuchsprotokoll (wéi alles ofleeft)
- Mir erklären Iech d’Vorgehensweis an d’Schrëtt, déi ze maachen sinn. Zum Beispill Är Energieversuerger, d’Post, d’Bank ze kontaktéieren an déi verschidde Formalitéiten unzefänken. Kuckt an eise Blog fir méi Rotschléi.
- Wann Dir wëllt, stelle mir Iech een oder méi Mataarbechter zur Verfügung, fir Iech doheem ze ënnerstëtzen (Miwwele ofbauen, de Canapé oder empfindlech Géigestänn schützen, Saachen an d’Këschte maachen, asw.)
- Mat all dësen Informatiounen, dem Protokoll an den Estimatioune stelle mir Iech en gratis Pauschaldevis aus. Dësen Devis enthält all Käschten a Steieren definitiv. Dir wësst also genee, wat Ären Ëmzuch kascht, ouni béis Iwwerraschungen!
Wärend dem Ëmzuch
- Mise en caisse vun Äre Saachen, Opstelle vu Kleederboxe fir Är Kleeder …
- Je no Situatioun benotze mir e Lift (Monte-charge) oder spezifescht Material
- Ofbau vun de Miwwelen
- Luede vum Camion an Transport an Äert neit Doheem.
An Ärer neier Wunneng
- Ausluede vun alle Miwwelen a Géigestänn
- Placéieren op déi Plazen, déi virdru mat Iech op Basis vun engem Plang definéiert goufen. Dir musst also net obligatoresch dobäi sinn.
- Remontage vun de Miwwelen
- Dat war et. Wëllkomm an Ärem neien „Doheem“. A voller Rou.
Nom Ëmzuch
- Hutt Dir Këschten aus eisem Spiroux-Katalog geholl? Perfekt! Mat eisem neien nohaltege Service „Rem’balle“ kënnt Dir onbeschiedegt Këschten zeréckbréngen a kritt 0,50€ pro Stéck. Wann Dir wëllt, komme mir se och gratis ofhuelen. Méi Informatiounen?
- Musst Dir Iech vun Äre Sperrmüll-Géigestänn trennen? Wosst Dir, datt mir se fir Iech op de Recycling brénge kënnen! Méi Informatiounen?
- Oh… elo wou alles installéiert ass, mierkt Dir, datt Dir net genuch Plaz hutt fir alles ze stockéieren? Eise gesécherten Garde-meubles hält Är Saachen aus dem Bléckfeld a geschützt géint Fiichtegkeet. Méi Informatiounen?
Entdeckt all eis Servicer
Mat Spiroux Déménagements ass d’Agencéieren an d’Montéiere vun Äre Miwwelen den Dag vum Ëmzuch ofgeschloss. Vun Ärer Säit aus braucht Dir just nach Är Këschten auszepaken an Äert neit Doheem ze dekoréieren, fir Iech séier „doheem“ ze fillen, schonn déi éischt Nuecht.

