CLIENT : EUROGENTEC
Eurogentec ass ee vun de gréisste Produzente vun innovativen Produkter a personaliséierte Servicer fir d’Genomik an d’Proteomik. Zënter 1985 synthetiséiert dës lëtzebuergesch Biotechnologiefirma Oligonukleotiden vun héijer Qualitéit a produzéiert och Kits a Reagenzien mat héijer Leeschtung fir PCR an qPCR.
Jo jo, PCR wéi beim Test, deen een Iech fir de Covid an d’Nues setzt – Dir hat et richteg verstanen 😀
Et si genee si, déi et erméiglecht hunn, bis zu 5 Millioune Tester no dem vun der Universitéit Namur entwéckelte Verfahren duerchzeféieren! Chapeau!
SITUATIOUN :
Well d’Gesellschaft sech permanent weiderentwéckelt, muss hiert héichspezialiséiert medezinescht Material sech och upassen. Et war also wichteg, d’Material vun engem Stack op deen aneren, vun engem Labo an deen aneren ze verlageren.
Vum Demontage vu méi wéi 5 Meter laange Labotëscher, déi identesch nees opgebaut goufen, bis zum Transport vu schwéieren a fragile Becken mat bis zu 300 kg, iwwer d’komplett Installatioun vun neie Reinraim… mir hunn eis ëm alles gekëmmert.
D’Aktivitéitssecteur verlaangt den absolute Respekt vun Honnerte vun Hygiènesprozeduren a Sécherheetsprotokoller, besonnesch fir dës aseptesch Raimlechkeeten ze schützen. Dowéinst hu mir eis e puer Mol desinfizéiert, Sécherheetskombinatioune gedroen an déi néideg Zäit an de Schleiseberäicher (SAS) agehalen.
Sou vill kënne mir soen: Mir si mëttlerweil gutt agespillt!

WAT MIR GEMAAch HUN :
Wéinst ze schmuele Dieröffnungen an enge Gäng war et onméiglech, déi voluminéis Elementer duerch d’Dieren oder nach manner duerch d’Fënsteren ze plënneren. Mat Muskelkraaft an der Hëllef vu Woon, Sackkarren a Transpaletten hu mir Becken, Labotëscher, Medikamenteschief an eng Rei aner spezifescht Material iwwer d’Trap verluecht.
Rezent hu mir zu 6 missten e wëssenschaftleche Frigo vu 350 Kilo mat enger Sackkarr, Schrëtt fir Schrëtt, iwwer d’Trap no uewen droen!
Dës Zort Asaz féiere mir 2 bis 3 Mol am Joer duerch, dacks bannent engem ganz kuerzen Zäitraum.
E PUER ZAHLEN :
→ 4 Zorte Material fir de Plënneren: Woon, Transpaletten, Sackkarren, Hebebünnen
→ 6 bis 12 Männer pro Dag jee no Missioun
→ Ronn 320 Stonnen pro Joer
→ Net manner wéi 460 m³ transportéiert
